Le mot du bourgmestre

                       

  

Léif Matbiergerinnen, Léif Matbierger,

 

An eiser Gemeng gëtt vill beweegt fir onst Wuelbefannen ze garantéieren an eis Liewensqualitéit ze erhalen a wa méiglech nach ze verbesseren. Folgend Projete sinn am Moment aktuell:

 

D'Neigestaltung vum Agang vu Munneref aus Richtung Altwis kommend ass ofgeschloss. Gemittlech Bänken an eng gefleegte Grénganlag lueden a fir op dëser schéiner Plaz, déi den Numm 'Jardin Clara Reinert' dréit, e bësschen ze verweilen. Am Ament gëtt och d'Place John Grün opgefrëscht. Doriwwer eraus gouf eng Hal um Boulodrome beim Fussballsterrain zu Munneref opgeriicht fir dat och bei schlechte Wiederkonditioune ka gespillt ginn. Och entsteet do nieft dem synthetesche Futtballsterrain en Trainingsterrain fir Goalkeeper. De Bau vum Scoutschalet am 'Badbëschelchen' an d'Neigestaltung vun der Haaptstrooss vu Munneref (Deelstéck Allee St Christophe - Avenue des Villes Jumelées) ginn och an den nächste Méint an Ugrëff geholl.

 

Zu Altwis gouf d'Fielswand virun der  Kierch stabiliséiert an d'Virplaz vun der Kierch ass nei amenagéiert ginn. An dëser Uertschaft entsteet momentan och e Foyer fir jonk Leit, déi do eegestänneg wunne kënnen. Falls si Hëllef brauchen a froen, gi si ënnerstëtzt am Alldag, bei Schoul, Studium, Beruffsausbildung oder bei der Sich no enger Aarbechtsplaz vun der Assistante sociale a vum Jugendservice vun der Gemeng. Weiderhi ginn an de Stroossen am Zentrum vun Altwis Neigestaltungs- respektiv Infrastrukturaarbechte realiséiert. An déi al Wisser Schoul ass am Gaangen ëmgebaut ze ginn zu enger moderner Museksschoul.

 

Zu Elleng sinn d'Infrastrukturaarbechten an der route d'Erpeldange, rue des Champs a rue Killen ofgeschloss. Als nächst kënnt d'rue du Lavoir drun.

 

Et ass wichteg dem Bierger eng efficace Kommunikatioun an Informatioun unzebidden. Dofir wäre mir frou, wann Dir an Zukunft weiderhi géingt matschaffen, andeems Dir Är Propositiounen, Iddien oder Kritiken iwwert Email un d'Adresse commune@mondorf-les-bains eraschéckt. De Schäffen- a Gemengerot, zesumme mat hire Mataarbechter, versichen Är Virschléi esou gutt wéi méiglech ëmzesetzen.

 

Lex Delles

Buergermeeschter

macommune.lu
Mondorf-les-Bains - ville départ 2017 Sms to citizen.png
© Administration Communale de Mondorf-les-Bains