Noruff Vic Schadeck

Merci Vic !

Mat dëse Wierder wëlle mir un eisen Éierebuergermeeschter, den Här Victor SCHADECK, erënneren.

Erënneren un dee Mënsch, deen hie war, an un dat wat hie fir eis Gemeng geleescht huet.

De Vic war iwwer 20 Joer am Déngscht vun der Gemeng an hire Matbierger, als Gemengeconseiller, duerno als Schäffen, fir schlussendlech d’Amt vum Buergermeeschter wärend 13 Joer ze bekleeden. Mat onermiddlechem Asaz a vollem Engagement huet hien sech fir onzieleg Projeten agesat.

Ënnert anerem war de Vic och wärend 24 Joer aktiv am Office social vu Munneref bis 2010 an duerno am gemeinsamen Office social Munneref/Duelem, als Member an herno als President.

De Vic war awer doriwwer eraus och a ville lokale Veräiner aktiv, sief et als Member, Spiller, President, oder och Éierepresident.

 

Léiwe Vic, du bleifs mat vill Dankbarkeet an eiser Erënnerung.

Denger Famill drécke mir eist déifste Matgefill aus

De Schäffen- a Gemengerot vun der Munnerefer Gemeng