Actualité

Molconcours fir d'Schüler aus der Gemeng

copyright: Shutterstock

Kanner, opgepasst!

Fir dir d'Zäit ë bësschen ze verdreiwen, a fir dech op déi Zäit nom Coronavirus ze freeën, kanns du elo bei engem Gewënnspill matmaachen!

 

Wat muss du maachen?

 

Ganz einfach : mol e Bild oder schreif eng Geschicht zum Thema: 

''D'Maus Ketti hëlleft! Mol oder erziel wéi d'Maus Ketti de Coronavirus bekämpft kritt.''

 

Wat kanns du gewannen? E coole Sportsdag mat Trainingsatelier mat denger Klass a mam Frank Schleck a Jeff Strasser!

 

All Schüler dee matmaache wëll (keng Obligatioun) soll:

- fir d'Bild: op en DINA4 Blat molen. Egal op mat Bläistëft, Waasserfaarwen oder Tusch oder awer och e Collage, alles ass erlaabt. Hannendrop soll d'Kand säin Numm a säi Cycle uginn.

- fir d'Geschicht: et kann eng normal Geschicht sinn, awer och e Gedicht, eng Billergeschicht an all aner Zort Text ass erlaabt. D'Kand soll säin Numm a säi Cycle uginn.
 

D'Kanner sollen dem Enseignant d'Biller an d'Geschichten deen Dag wou d'Schoul nees ugeet ofginn.

 

Aus all de Cyclen (1-4) gewënnt all Kéiers eng Klass e Sportsdag mat Trainingsatelier mam Frank Schleck a Jeff Strasser.

 

Déi verschidde Gewënner gi vun engem Jury ausgesicht.

Dës Biller a Geschichte ginn zum Schluss vum Schouljoer an enger Expo ausgestallt.

 

copyright image: Shutterstock