Schäfferotserklärung 2023-2029

Schäfferotserklärung 2023-2029

 

Kontinuitéit ass d’Leitmotiv fir déi nächst 6 Joer. Mir wëlle weider, zesumme mat all den Akteuren, un eise Projete schaffen, déi all een Zil hunn : eis Gemeng soll nach méi schéin a frëndlech ginn, an esou d’Liewensqualitéit vun all eisen Awunner steigeren. Dobäi dierf keng Generatioun a kee Gebitt vergiess ginn.

Grouss Projeten

Mir setzen eis a fir eng modern, innovativ a liewenswäert Gemeng. Grouss Projete sollen dem Besoin vun de Bierger entgéint kommen a musse vrun allem gutt geplangt a finanzéierbar sinn.

De Bau vun engem neie “Service Technique et Centre de Recyclage“ ass eng Prioritéit déi net nëmmen de Gemengeservicer entgéint kënnt, mee och de Matbierger d’Liewe géing vereinfachen.

Op medezineschem Plang wëlle mir déi beschtméiglechst medezinesch Offer an eiser Gemeng hunn. Dofir dreiwe mir eis Gespréicher an dem Sënn weider fir eng Imagerie mat Résonance magnétique ze installéieren an domat och d’Offer vun den Doktere mat hire Concertatiounsstonnen ze erweideren.

An der Entrée vum Domaine Thermal wëlle mir der Villa Trotyanne eng nei Bestëmmung ginn an eng sozio-kulturell Plaz schafen. Am Zentrum vu Munneref wäert am Gebai vun der aler Post den neien Tourist Info entstoen mat enger integréierter Fotothéik.

Bei de grousse Projete läit eis de Patrimoine um Häerz. Dofir ass et eis wichteg de wonnerschéine Cachet vun der Villa Koppes zu Altwies bäizebehalen an d’Gebai ze revaloriséieren.

Den Ëmbau vun der Scheier „A Kréiesch“ zu Elleng soll den Duerfkär nei beliewen. Hei gesi mir eng Brasserie vir, vun där souwuel d’Awunner, wéi och d’Veräiner profitéiere kënnen. Et entstinn och 2 abordabel Wunnengen.

Um Gréimelter wäert de Bau vum Sportskomplex, der Schwämm an dem Vëlodrom 2024 ufänken a wäert ee vun de Projets-phare vun eiser Gemeng sinn. An deem Sënn wäert eis Zesummenaarbecht mat de responsabele Ministère weider verstäerkt gi fir de Bau vum Lycée virunzedreiwen.

Infrastrukturen an Drénkwaasser

Gutt a stabil Infrastrukturen si fundamental wichteg. Den Entretien an den Ausbau vun eise jeeweilege Reseauen ass eng absolut Prioritéit. Mir wëllen zu Munneref d’Reseausaarbechten an der Traversée N16 (rue Frantz Clément + route de Remich + route de Luxembourg) séier virubréngen.

De Kräizungspunkt vun der Réimecher Strooss mat der Avenue des Bains soll nei organiséiert a verschéinert ginn.

Zu Altwies plange mir Infrastrukturaarbechten an der rue J.P. Koppes, rue Dr. Berger, rue Victor Hugo, route de Filsdorf an an der Huelgaass.

Zu Elleng ass déi lescht Jore vill an d’Infrastrukture investéiert ginn an d’Reseaue sinn an engem gudden Zoustand, deen et awer gëllt reegelméisseg z’iwwerpréiwen.

Dës Infrastrukture sinn, ënner anerem, wichteg beim Verdeele vun eisem Drénkwaasser. De Bau vun der Waasseropbereedungsanlag zu Schengen (Projet SESE), souwéi en neie Waasserreseau tëscht eisen zwee Waasserbehälter Wouerbësch a Stengenerbësch, sinn zwee Elementer mat deene mir den Erhalt vun eisen Drénkwaasserstrukture wëllen erhalen an ausbauen. D‘Qualitéit vun eisem Drénkwaasser ass exzellent a mir wëllen Drénkwaasserspenderen op ëffentlech Plazen opstellen fir dëst weider ze promouvéieren.

Patrimoine

Déi lescht Joren ass vill an eise Patrimoine investéiert ginn. Dëse wëlle mir weiderhin erhalen, ënnerhalen an zum Deel nei bestëmmen.

Mir wëllen d’Geschicht vun der Villa Trotyanne valoriséieren an e sozio-kulturellen Treff schafen, an deem d’Kultur an d’Literatur hier Plaz fannen. Et entsteet e Café mat engem klengen Opféierungsraum, souwéi aner Raimlechkeeten an deenen de Patrimoine aus eiser Gemeng ka valoriséiert ginn.

Nieft der Revalorisatioun vun der Villa Koppes zu Altwies, ass et eis wichteg déi al Schoul zu Elleng ze renovéieren, mam Zil dës Raimlechkeeten esou anzeriichten fir eng fräiberufflech Aktivitéit doran auszeüben.

Mat enger neier „Prime d’encouragement pour les initiatives privées“ wëlle mir den Erhalt vum Patrimoine ënnerstëtzen, deen a privater Hand läit.

Schoul a Jugend

De Kanner an der Jugend gehéiert d’Zukunft. D’Sécherheet an a baussent dem Schoulkomplex soll verstäerkt ginn andeems Konformitéitsaarbechten duerchgezu ginn, an de grousse Parking méi visibel fir Foussgänger gemaach gëtt.

Eis Spillplaze solle weiderhin attraktiv bleiwen, an esou gi verschidde Spillplazen reorganiséiert a verschéinert. Am klenge Brill soll eng gréisser Waasserspillplaz entstoen an um Gréimelter en „Accrobranches“.

Um Badboeschelchen entsteet e Beienhaischen an deem pädagogesch Aktivitéiten ëm d’Beie kënne stattfannen. Zu Rëmerschen wäerten an Zesummenaarbecht mam SESE och zum Thema Waasser kannergerecht Aktivitéiten organiséiert ginn.

Wunnraum schafen

Mir sinn houfreg, dass mir haut schonn 17 Logementer a Gemengenhand hunn, woumat eng knapp 60 Leit en Daach iwwert dem Kapp hunn. Mir wëlle weider innovative Wunnengsbau an der Gemeng Munneref schafen, andeems mir weider abordabel Haiser an Appartementer bauen an dat an all eise Sektiounen. Esou wëlle mir an deenen nächste 6 Joer eise Bestand verduebelen:

– Wunnengen am Bréimwee an an der rue Koppes zu Altwies bauen an déi an der route de Mondorf fäerdeg bauen
– Och zu Munneref, wou mir haut schonn dee gréisste Bestand hunn, wëlle mir weider Gemengewunnenge bauen
– Zu Elleng wëlle mir am Projet A Kréiesch 2 Unitéite schafen wéi och 2 Haiser an der rue de la Gare

Well de Logement esou wichteg ass, a well mir d’Gemeng op deem Gebitt weider professionaliséiere wëllen, gesi mir et als noutwenneg eise service logement auszebauen fir och an Zukunft méi séier a besser an dësem Beräich virunzekommen.

Mir wëllen awer och méi wäit goen, an eis Reglementer esou adaptéieren, dass och alternativ Wunnforme méiglech sinn, wéi zB Wunngemeinschaften oder Tiny Houses.

Mobilitéit

Eng douce a modern Mobilitéit erhéicht d’Liewensqualitéit vun all eise Bierger. Duerch d’Installéiere vun enger mBox, enger Wäschstatioun an der Kreatioun vu Vëlospiste laanscht eisen Haaptachsen, soll de Vëlo ëmmer méi seng Plaz fannen. Och soll de séchere Schoulwee mam Vëlo an Zukunft fir eis Kanner garantéiert ginn.

D’Unzuel u Luedstatioune fir elektresch Autoe soll erhéicht ginn an d’Offer vum Carsharing System “Flex” erweidert ginn. Parkplaze spillen eng wichteg Roll: et gi weider Kuerzzäitparkplazen am Zentrum vu Munneref agefouert, a mam Bau vun engem weidere Parkhaus wëlle mir och hei weider 120 ëffentlech Parkplaze schafen, wouvun eng gewëss Unzuel wäert kënnen un eis Awunner verlount ginn.

Sécherheet

Mir wëlle sécher Stroossen, sécher ëffentlech Plazen, fir eng sécher Gemeng. Déi lescht Joren ass scho vill an d’Stroossesécherheet investéiert ginn an d’Präsens vun den Agents municipaux ass verduebelt ginn.

Et solle weider Etude gemaach ginn fir eventuell verkéiersberouegend Moossnamen z’ergräifen, fix Vitessenzieler ginn an den Agang vun eisen dräi Sektiounen installéiert. Weider sollen och Zone 30 resp. Zone 20 agefouert ginn.

Ëmwelt an Energie

Ëmweltschutz a Liewensqualitéit ginn Hand an Hand. E „service écologique“ gëtt geschaf, fir dass d’Gemeng sech op deem Gebitt professionaliséiere kann a senge Responsabilitéite gerecht gëtt. Verschidde Plaze sollen entsigelt ginn, sou wéi de Schoulhaff zu Munneref oder der Place des villes jumelées, déi ganz nei gestallt soll ginn.

Mir wëllen och an Zukunft déi erneierbar Energie favoriséieren, an zB de Subside erhéijen wa Bierger op hirem Daach eng Photovoltaiksanlag installéieren. Eis Gebaier sollen energeetesch optiméiert ginn. Eis Veräiner wëlle mir beim Uschafe vun nohaltegem Material ënnerstëtzen.

E wichtege Punkt ass dee vum Recycling, wou mir mam Bau vun engem neie „service technique et centre de recyclage“ wëllen e modernen an innovative Recyclingspark bauen.
Mir wëllen d’Héichwaasser an de Grëff kréien. Et gëtt eng Staarkreenétude gemaach, an en neit Héichwaasserschutzkonzept gëtt realiséiert. D’Bierger sollen d’Méiglechkeet kréien Héichwaasserschutzmaterial iwwert d’Gemeng ze kafen.

Tourismus a Commerce

D’Gemeng soll sech och an Zukunft als Touristendestinatioun verkafen; mat engem touristesche Masterplang wäerten nei Iddien entstoe fir eis Gemeng nach méi attraktiv ze gestalten. Et gëtt en neien a méi groussen an adaptéierte Parking fir Camper gebaut. Um Site vum Badboeschelchen wäerten Ecokabanen den Touristen eng innovativ Schlofméiglechkeet bidden.

Och eis Geschäftswelt ass e wichtegt Element vun eiser Gemeng. Mir wëllen eis Zesummenaarbecht mam Geschäftsverband verdéiwen an de lokale Commerce ënnerstëtzen. Mir plangen e Geschäftslokal ze kafen, fir dëst enger Brasserie zur Verfügung ze stellen, an domat den Zentrum vu Munneref ze beliewen.

Sport a Fräizäit

D’Méiglechkeete fir sech dobausse sportlech ze betätege sollen erweidert ginn: Calisthenics, Vëlospist um Site vum Vëlodrome an d’Opwäertung vum Fitness Parcours am Wouerbësch.

Donieft wëlle mir eise Sportsveräiner weider Raimlechkeeten zur Verfügung stellen: den Infield an déi nei Sportshal um Site vum Vëlodrome wäerten de Clibb erlaben méi Coursen unzebidden. Mir plangen donieft och d’Gebai vum Stade John Grün ze vergréisseren.

Digitaliséierung

Mir brauchen digital Léisunge fir eng modern Gemeng. Mir wëllen d’Virdeeler vun der Digitaliséierung notzen, fir eis Kommunikatioun z’erweideren, an domat all Bierger an Tourist z’erreechen. Kuerzfristeg soll an deem Sënn eng „Mondorf App“ lancéiert ginn.

Sozialen Zesummenhalt a Biergerbedeelegung

D’Biergerbedeelegung ass d’Fundament fir e respektvollen Ëmgang tëschent der Gemeng an de Matbierger. D’Neigestaltung vun der Spillplaz am Vor Howent soll zesumme mat den ugrenzenden Awunner geplangt ginn. Mir wäerten Informatiounsowender zum Thema Natur- an Ëmweltschutz organiséieren, a wëllen de Kanner- a Jugendgemengerot an enger neier Form, an Zesummenaarbecht mat der Maison Relais, nees opliewe loossen.

D’Fonctionnement vun de konsultative Kommissioune vun der Gemeng wäert dann och am Sënn vun der Biegerbedeelegung opgestallt ginn. Bis op e puer Ausnamen, wäerten d’Kommissiounen ab dem Joer 2024 jeeweils 1 Workshop d‘Joer organiséieren bei deem all Awunner invitéiert ass an d’Méiglechkeet huet seng Iddien anzebréngen. Dës Workshops sollen an der éischter Hallschent vum Joer organiséiert ginn, dass d’Kommissioun selwer iwwert d’Iddien diskutéiere kann, fir se dann dem Schäfferot weiderzeleeden. Esou kënnen dann dës Iddie an d’Budgetsdiskussioune mat agebonne ginn.

Kommissiounen

Nieft de gesetzleche Kommissiounen (commission scolaire, commission des loyers, commission du vivre-ensemble interculturel) wäerte follgend konsultativ Kommissioune dës Mandatsperiod bestoen:

– Commission des bâtisses, urbanistique et du patrimoine
– Commission de l’environnement
– Commission de la circulation, mobilité et de la sécurité routière
– Commission de la cohésion sociale (égalité des chances, jeunesse, 3ème âge)
– Commission des sports
– Commission des finances et des subsides
– Commission visitmondorf (culture, tourisme, commerce)

Dës Kommissioune bestinn aus 11 Memberen : 7 fir d’DP, 2 fir d’CSV, 1 fir déi Gréng, 1 fir d’LSAP.
➔ An all Kommissioun gëtt et e President an e Sekretär. D‘Roll vum Sekretär gëtt vun engem Gemengebeamten iwwerholl.
➔ All Kommissioun soll sech mindestens 1x d’Trimester treffen.
➔ De President trefft sech 1x d’Joer mam Schäfferot fir iwwert d’Fonctionnement an den Inhalt vun der Kommissioun ze              schwätzen.
➔ D’Kommissiounsmembere kréie kee Jeton de présence, mee ginn all Joers op en Iessen invitéiert.
➔ An der commission de la cohésion sociale si Memberen ab 16 Joer zougelooss.

Donieft wäert och weiderhin eng konsultativ Museksschoulkommissioun opgestallt ginn, mat Vertrieder aus der Politik an de Gesang- oder Museksveräiner aus deene jeeweilege Partnergemengen vun der regionaler Museksschoul. Och Elterevertrieder wäerten an dësem Gremium hier Plaz fannen.

Opdeelung Schäfferot

Fir de Suivi ze garantéieren, huet de Schäfferot sech déi jeeweileg Gebitter opgedeelt:

 

Steve Reckel

Buergermeeschter

– Klima
– Verwaltung (ACM, Crèche, RMSM)
– Finanzen
– Bauten & Urbanismus
– Logement
– Office social
– Sport & Fräizäit
Claude Schommer

Schäffen

_

– Natur
– City Marketing (Kommunikatioun intern an extern, Tourismus, Commerce, Kultur, Digitalisatioun)
– Infrastrukturen
– Patrimoine (Gemengegebaier, Kultus, Kierchen, Kierfechter)
– Faitrade
– Sport & Fräizäit

Tessy Altmann

Schäffen

 

– Integratioun
– Edukatioun (Schoulkommissioun, Maison Relais, Jugend, Maison des Jeunes)
– Mobilitéit
– Sécherheet (Incendie et sauvetage)
– Cohésion sociale (sozial Ugeleeënheeten, 3. Alter, Chancegläichheet)
– Sport & Fräizäit